Wann et Är éischt Course as….


Wann de Berdorfer Laf Är éischt Course as, erlaabe mir eis, Iech op folgend Punkten opmierksam ze maachen:
1. Sidd mat Zäiten do. Sou könnt Dir Ären Dossard ouni Stress siche kommen. De Startberäich as ab 16 Auer fir Autoe gespaart an Parkplaatzen sin ca. 500 m ewech.
Mir géifen Iech och bieden den Uweisungen vun den Pompjéen ze follegen, well sie hëllefen eis d’Course sou ze organiséiren, dass JIDDER Leefer seng Course secher kann duerchzéien.
2. Dir könnt Är Saachen bei eis ofgin an mir hiewen se gratis bis géint 20 Auer fir Iech op.
3. Den Dossard as onbedédeng op der Broscht respektiv dem Bauch ze droen. An der Startnummer as en Chip fir de Chronométrage, deen just aktivéiert gett wann en vir um Kierper gedroe gëtt. Och as et fir de Speaker nëmmen dann meiglech Iech ze erkennen an eventuell Ären Numm bei der Arrivée ze nennen.
4. Bei der Course iwwer 10 km kréien d’Leefer eng Startnummer op WÄISSEM Hannergrond, d’Leefer iwwer 5km kréien en Dossard op GIELEM Hannergrond.
5. Jiddfer Km ennerwee as gezeechent. Déi WÄISS Schëlder markéiren d’10 km Course, bei de 5 km stin GRENG Schëlder.
6. Bei den 10 km gëtt et e Ravitaillement ongeféier bei km 5,6. Selbstverständlech gett et och e Ravitaillement op der Arrivée a Form vu Waasser an Friichten.
Fir d’5 km Course as just e Ravitaillement op der Arrivée virgesin.
7. Am Sënn vum Fairplay biede mir déi méi lues Leefer sech méi wäit hannen beim Départ opzestellen. Am aanere Fall riskéieren se déi méi séier Leefer ze behënneren oder gin souguer vun d¨ësen emgeschmass.
8. De Chronométrage gett duerch een an dem Dossard integréierten Chip assuréiert. Dat bedeit, dass et eng Netto- an eng Bruttozäit gett. D’Nettozäit as déi Zäit vum Iwwerlafen vum Startstrëch bis zum Iwwerlafen vum Zielstrëch. D’Bruttozäit as déi Zäit vum Startschoss bis zum Iwwerlafen vum Zielstrëch. D’Resultat ergëtt sech duerch d’Bruttozäit. D’Nettozäit as eng reng informativ Donnée.
Dat entsprëcht sou den internationale Regelen.
All Leefer kritt och e Cado.

9. D’Kannerleef iwwer 400 an 800 m gin ouni Chronométrage an Klassement gemaach. Mir hun eis décideiert, dat sou ze maachen fir de Kanner d’Lafen ouni Drock an just zum Spaass ze erlaaben. D’Kanner vum Laf iwwer 400 m können sech vun engem Erwuessenen begleede loossen, wann sie sech net trauen, eleng ze lafen.  An deem Fall biede mir awer d’Elteren sech mat de Kanner hannen unzestellen bei dem Départ.

All Kand kritt e Cado wann et säin Dossard ofhëllt an eng Medaille bei der Arrivée.

D’Siegerehrung vum Laf iwwer 1200 m as géint 19.45 Auer zesumme mat deenen vun den Leef iwwer 5 an 10 km, well mir der Meenung sin, dass d’Gewënner vun desem Laf gene sou e Recht op eng wiirdeg Zeremonie hun mat hoffentlech ville Spectateuren.

10. Mir organiséiren dëse Laf als Fräiwelleger an ouni d’Intentioun fir e Benefice ze maachen. D’Einnahmen spenden mir engem karitativen Zweck. Fir sou en Evenement ze organiséiren si mir op d’Hellef vu ville Menschen ugewisen, déi eis dobäi zur Hand gin. Mir géifen Iech bieden, des Leit fir hier Aarbecht ze respektéiren. Sie afferen net wéineg Zäit dofir, dass Dir en agréablen Laf könnt hun.

Wann Dir awer eng Kritik hudd, dann sot eis dat nom Laf oder schéckt eis e Mail un info@berdorferlaf.lu

 

Wann Dir nach weider Froen hudd, dann zéckt net eis e Mail op info@berdorferlaf ze schecken oder schwätzt eis den Dag vum Laf selwer un.

Mir wënschen Iech bonne Chance an e flotten Dag bei eis zu Bäertref.