SPONSOREN
HAUPTSPONSOREN
WEITERE SPONSOREN
IWWERT EIS
Den éischte Berdorfer Laf wor am Juni 2008, dëse Laf gouf vun der deemoleger Sportskommissioun vun der Gemeng Bäerdref an d’Liewe geruff.
Säit 2009 gëtt de Laf vun der Berdorfer Laf asbl organiséiert. Dëse sougenannten „Duerflaf“ wor eng Stroossecourse iwwer 10 km respektiv 5 km duerch a ronderëm Bäerdref.
Säit 2022 ass de Berdorfer Laf en Trail duerch déi schéin Natur ronderëm Bäerdref an duerch di wonnerschéin Natur vun der klenger Lëtzbuerger Schwäiz, mat Start an Ziel am Centre Martbusch zu Bäerdref.
Et stinn 2 technesch usprochsvoll Strecken zur Auswiel: fir den Ufänger 6,7 km a fir déi mei Geübten 13 km. Dobäi komme Kannerleef, an dat jee no Alter 400m, 800m oder 1.200m.
Wéi et sech zu Lëtzebuerg geheiert, gëtt de Laf natierlech mat enger „After-Run Party“ ofgeschloss, wou och beschtens fir Iessen a Gedrénks gesuergt ass. Mir freeën eis op iech!
Bob, Abbes, Patrick, Nils, Jacques, Lexy
TRAIL 2024
Zäitoflaf
Ab 14:00 : Ofhuelen vun de Startënnerlagen / Inscriptioun den Dag selwer
15:40 : Start 400m Kids Run
16:00 : Start 800m Kids Run
16:20 : Start 1200m Kids Run
16:40 : Start 6,7km Trail
17:00 : Start 13km Trail
18:30 : Siegeréierung 1200m Kids Run
19:00 : Siegeréierung Trail After-run Party